arrow_back_ios
Musek Aktuell
Candy Dandy Dan
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Dem Candy Dandy Dan seng nei EP "Soft Power" ass aus dem Liewe gegraff. Et geet net ëmmer alles riicht, heiansdo kënnt een zwee Schrëtt virun, duerno muss een nees ee Sprong zeréck. Wéi wäit dem Daniel Weyler seng nei Musek mat esou enger Sprangprëssessioun ze vergläichen ass, a wat de Lëtzebuerger Museker alles markéiert huet, fir nei Musek ze schreiwen, hat hien dem Philippe Hansen de leschte Samschdeg bei der Kaffismaschinn verroden.
Musek