Voix d'auteurs
Jean Rouaud
57 min
Et ass déi véierte Kéier, datt de Jean Rouaud, dee jo scho mat sengem éischte Roman "Les champs d'honneur", 1990, de Goncourt krut, beim Jean Portante zu Gaascht ass, an der Emissioun Voix d'auteurs. Dës Kéier schwätzt de Jean Rouaud iwwer säi Buch, dat virun e puer Wochen erauskoum, a wat den Titel "Qui terre a, guerre a" dréit.
De Jean Rouaud huet schonn zanter e puer Joer dem Roman de Réck gedréit. Hie schreift, wat hie Récit-essai-poétique nennt. An dës Kéier geet hien an d'Literatur, de Kino, d'Geschicht, mee och an d'Hielemolerei vun der Steenzäit wullen, fir ze erzielen, wéi d'Mënschheet dozou koum de Krich ze erfannen.
Hei d'Emissioun vum 25. Mäerz 2018 mam Jean Rouaud iwwer säi Buch "La splendeur escamotée de frère Cheval"
Episoden
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.
![Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore](/legacy/images/147524/image-thumb__147524__base_thumbnail/buch.5e97cf5e.jpg)
Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.
![Léa Veinstein](/1_Foto/100komma7.lu/136509/image-thumb__136509__base_thumbnail/Bicher.d1b0970e.jpg)
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
![Jack Kerouac](/1_Foto/100komma7.lu/129031/image-thumb__129031__base_thumbnail/Jack%20Kerouac.b7af8207.jpg)