Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Jean Spautz: "D'Schmelz war meng Uni"

Jean Spautz: "D'Schmelz war meng Uni"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Jean Spautz gouf 1959 als Aarbechter eng éischte Kéier fir d'CSV an d'Chamber gewielt, dat sinn ewell iwwer 60 Joer hier. Seng politesch Karriär léisst sech weisen, mat deem, wat alles an deene Joerzéngten duerno geschitt ass. Am Fong kënnt de Jean Spautz aus dem Gewerkschaftsmouvement: mat 15 Joer huet hie bei der JOC ugefaangen, duerno goung et weider iwwer Gewerkschaft, wou hie President vum LCGB war. Op sengem politesch Wee war hien Deputéierten, Minister a verschiddene Ressorten, Chamberpresident, CSV-Parteipresident an Europadeputéierten.

De Jean Spautz huet ni vergiess, wou hien hierkënnt, a bis haut leien him besonnesch sozial Problemer um Häerz. Hien huet op Arbed-Belval op der Drotstrooss geschafft, a genee do huet hien och gesinn, wou d'Problemer leien. Dofir seet de Jean Spautz, datt hien am Fong deen éischte Student um Belval war, et war fir hien eng Léier fir d'Liewen.

De Jean Spautz huet ewell 91 Joer, mee ass nach ëmmer aktiv, kierperlech an och am Geescht, wéi hie seet. Nieft spadséiere goen, schwammen an Aquagym, liest de Jean Spautz all Dag op d'mannst zwou Stonne laang Zeitungen. "Et muss ee jo un der Aktualitéit drubleiwen", esou de Jean Spautz.

Hien ass am Gespréich mam Jean Claude Majerus.

Politik a Gesellschaft

Episoden

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem

Den aktuellen Directeur technique vum COSL RAymond Conzemius ass den Invité beim Jeam Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow

Sidney Scho: E ganz jonken Dirigent

Den Dirigent an Directeur musical vum Cercle symphonique vu Rëmeleng Sidney Scho ass haut den Invité beim Jean Claude Majerus am Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Den Invité ass a war Mëttel- oder Laangstreckeleefer. Hien ass och esou munch Lëtzebuerger Rekord vun de 1500 Meter u gelaf, an nach haut ginn et ëmmer Rekorder, déi him gehéieren.
headphones

55 min

play_arrow
Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

D'Musekerin, Saxofonistin an och Sängerin an Dirigentin ass d'Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Als Liichtathleet war den Norbert Haupert ganz erfollegräich, ë. a. mat engem Lëtzebuerger Rekord iwwer 1.000-Meter. Als CSV-Deputéierte souz hie 14 Joer an der Chamber.
headphones

56 min

play_arrow

Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien

Bei der Invitée dës Kéier fënnt een nees eng grouss Diversitéit an hirem Parcours, dee si mécht oder bis ewell gemaach huet.
headphones

57 min

play_arrow
Jean Portante: Schwaarzt Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarzt Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller mat italieeneschen Originnenan ass zanter Ufank u fräie Mataarbechter vum radio 100,7. Éier hie sech ganz dem Schreiwe consacréiert huet, war hie Franséisch Proff.
headphones

56 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Mueker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Museker an Museksprofesser am Escher Conservatoire war nom Fred Hales vun 2007 bis 2015 Chef vun der Brass Band an huet duerno weider de Solo Cornet gespillt.
headphones

56 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

D'Isabelle Braun-Dominicy ass Pianist an Enseignante fir Solfége. Aktuell ass si Professorin um Escher Conservatoire, wou si nieft de Coursen och de Jugendchouer dirigéiert.
headphones

56 min

play_arrow
Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

De Stephan Quintus ass mat senger Fra a senge véier Bouwen a Schweden ausgewandert.
headphones

56 min

play_arrow
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

56 min

play_arrow
Dominique Santana: Konscht a Geschicht | © Jean-Claude Majerus

Dominique Santana: Konscht a Geschicht

D'Historikerin a Cineastin Dominique Santana ass d'Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
headphones

55 min

play_arrow

Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Sean Grethen

Sean Grethen

D'Passioun Aarmdrécken
headphones

55 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"

Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Jean-Paul Raths

De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
headphones

55 min

play_arrow