Den éischte Soloalbum vum New Yorker no senger Trennung vu Velvet Undergroud koum am Abrëll 1972 eraus an dréit einfach säin Numm. Et gëtt nach net den erhoffte Start vun enger erfollegräicher Solokarriär - doropper muss de Reed nach e puer Méint waarden, et wäert dee vum David Bowie produzéierten Album "Transformer" Enn des Joers sinn.
Op "Lou Reed" iwwerhëlt den New Yorker gréisstendeels Material aus senger Fieder, dat nach aus Velvet-Underground-Zäite kënnt. Mat "Berlin" a "Wild Child" proposéiert hie just zwee nei Lidder.