Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Prof. Jean-Claude Theis: "Ech erënnere mech un dee leschten Tram ..."

Prof. Jean-Claude Theis: "Ech erënnere mech un dee leschten Tram ..."

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Lëtzebuerger Chirurg Jean-Claude Theis huet iwwer 30 Joer an Neuseeland als Orthopeed geschafft a war och Professer fir Orthopedie op der University of Otago zu Dunedin. De Jean-Claude Theis krut no sengem Medezinstudium zu Nanzeg an England d'Méiglechkeet fir ee Joer an Neuseeland schaffen ze goen, huet do awer seng Fra kennegeléiert an duerch d'Léift gouf e ganzt Liewen déi aner Säit vun der Welt.

No senger Pensioun wollt den Dr. Theis awer nach net mat senge medezineschen Aktivitéiten ophalen. Hie wollt säi medezinescht Wëssen a Kënne weiderginn an dat op d'mannst nach bis 70 Joer. De Jean-Claude Theis huet sech an engem Kannerspidol vun der ASBL Cure International am Malawi engagéiert. Et ass e Spidol, an deem Kanner behandelt gi mat orthopeedesche Problemer, dat geet vu Schankeninfektioun iwwer Malformatiounen, bis bei éischter rar Pathologien, an dat net nëmme fir Kanner aus dem ganze Malawi, mee deels och aus den Nopeschlänner. Nieft senger chirurgescher Aarbecht gëtt den Dr. Theis säi Wëssen a Kënnen och nach u lokal Dokteren a Medezinsstudente weider.

De Jean-Claude Theis, deen elo scho wäit iwwer 30 Joer fort ass vu Lëtzebuerg, nennt Neuseeland och säin Doheem, besonnesch well seng Fra a seng Kanner do sinn. Mee hie kënnt awer och gären ëmmer nees op Lëtzebuerg zeréck, an d'Land vu sengen Originnen, a virun allem och fir säi Brudder, deen hei lieft, ze besichen. De Jean-Claude Theis liest och all Dag d'Lëtzebuerger Zeitungen um Internet, well hien drun intresséiert ass, wat zu Lëtzebuerg geschitt.

Natierlech leie seng Visitte meeschtens wäit auserneen, well Neuseeland jo net grad ëm den Eck läit. An obwuel hien et an der Zeitung gelies huet, war et schonn impressionant fir hien, nees en Tram an der Stad fueren ze gesinn.


"Ech ka mech erënneren, wou de leschten Tram hei zu Lëtzebuerg gefuer ass. An elo kommen ech dann erëm, an dann ass den Tram nees do, dat ass fantastesch. An och datt Bussen an Zich all fräi sinn (...) Ech mengen, mir sinn dat eenzegt Land op der Welt, wou dat fräi ass. Voilà, well done fir Lëtzebuerg."


De Jean Claude Majerus féiert duerch d'Gespréich.

Politik a Gesellschaft

Episoden

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem

Den aktuellen Directeur technique vum COSL RAymond Conzemius ass den Invité beim Jeam Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow

Sidney Scho: E ganz jonken Dirigent

Den Dirigent an Directeur musical vum Cercle symphonique vu Rëmeleng Sidney Scho ass haut den Invité beim Jean Claude Majerus am Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow
Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen

Den Invité ass a war Mëttel- oder Laangstreckeleefer. Hien ass och esou munch Lëtzebuerger Rekord vun de 1500 Meter u gelaf, an nach haut ginn et ëmmer Rekorder, déi him gehéieren.
headphones

55 min

play_arrow
Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien

D'Musekerin, Saxofonistin an och Sängerin an Dirigentin ass d'Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker

Als Liichtathleet war den Norbert Haupert ganz erfollegräich, ë. a. mat engem Lëtzebuerger Rekord iwwer 1.000-Meter. Als CSV-Deputéierte souz hie 14 Joer an der Chamber.
headphones

56 min

play_arrow

Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien

Bei der Invitée dës Kéier fënnt een nees eng grouss Diversitéit an hirem Parcours, dee si mécht oder bis ewell gemaach huet.
headphones

57 min

play_arrow
Jean Portante: Schwaarzt Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus

Jean Portante: Schwaarzt Gezei a roude Schal

De Poet a Schrëftsteller mat italieeneschen Originnenan ass zanter Ufank u fräie Mataarbechter vum radio 100,7. Éier hie sech ganz dem Schreiwe consacréiert huet, war hie Franséisch Proff.
headphones

56 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Mueker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

55 min

play_arrow
Guy Conter: E räicht Musekerliewen

Guy Conter: E räicht Musekerliewen

De Museker an Museksprofesser am Escher Conservatoire war nom Fred Hales vun 2007 bis 2015 Chef vun der Brass Band an huet duerno weider de Solo Cornet gespillt.
headphones

56 min

play_arrow
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"

D'Isabelle Braun-Dominicy ass Pianist an Enseignante fir Solfége. Aktuell ass si Professorin um Escher Conservatoire, wou si nieft de Coursen och de Jugendchouer dirigéiert.
headphones

56 min

play_arrow
Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

Stephan Quintus: A Schweden en neit Doheem fonnt

De Stephan Quintus ass mat senger Fra a senge véier Bouwen a Schweden ausgewandert.
headphones

56 min

play_arrow
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun

E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
headphones

56 min

play_arrow
Dominique Santana: Konscht a Geschicht | © Jean-Claude Majerus

Dominique Santana: Konscht a Geschicht

D'Historikerin a Cineastin Dominique Santana ass d'Invitée.
headphones

55 min

play_arrow
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus

Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap

Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Paul Philipp - Spiller, Trainer, President

Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
headphones

55 min

play_arrow

Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Sean Grethen

Sean Grethen

D'Passioun Aarmdrécken
headphones

55 min

play_arrow
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow

Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"

Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
headphones

55 min

play_arrow

Jean-Paul Raths

De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
headphones

55 min

play_arrow