Sot emol
Betsy Dentzer: "Erzielkonscht, mega, dat wëll ech och maachen"
56 min
![on the headlines](/legacy/images/71461/image-thumb__71461__base_thumbnail/Betsy%20Dentzer%282%29.0f7dbdb4.jpg)
Kënnt der iech nach un är Kandheet erënneren, krut der och doheem fir aschlofen oder wann ee net eraus duerft Geschichten erzielt. An hutt der déi Geschichten dann och verhalen, an se spéider ären eegene Kanner och weider erzielt.
"Et war emol..." bis bei "A wa se net gestuerwen dann danze se nach haut" , sou hu vill Geschichten ugefaangen an opgehalen. Mä Geschichten erzielen ass awer vill méi wéi just nëmme Märercher vun de Bridder Grimm, dem Hans Christian Anderssen, oder déi sëllegen Geschichten vun der Astrid Lindgren an esou weider. Geschichten erzielen ass eng Konscht, eng Konscht déi a ville Kulturen eng Joerhonnert wann net esou guer Joerdausende Laang Traditioun huet.
Invitée an der Emisioun Sot emol beim Jean Claude Majerus ass d'Betsy Dentzer, a si ass Erzielerin an Theaterpedagogin.Vu der Kandheet un huet d'Betsy Dentzer gäre gelies an och Geschichten hate et hir schonn ugedoen. Nom Lycée huet se sech studéiert a sech do an d'sozial Aarbecht era geknéit well och hir Elteren an dem Beräich geschafft. Mä am Hannerkapp war d'Literatur awer ëmmer present, an se huet op der "Universität der Künste" zu Berlin weider studéiert huet, a genee do koum dann de ganz intensive Kontakt mat der Erzielkonscht mat enger vun hiren Dozentinnen op der Uni, an dat war wéi d'Betsy Dentzer, wéi si et nennt en Aha-Ament an hiren Liewen,
"Eng ganz impressionant Fra d'Kristin Wardetzy, wat eng vun den Erzielkoryphäen ass, genee an do war esou e Cour "Erzählstoffe der Welt" an si huet do ugefaangen e bëssen ze erzielen, also ganz vill verschidde Saachen.(...) Si huet dunn op engem Owend, do hunn ech geduecht ech géing net richteg erliewen, si huet siwe Stonnen laang, d'Odyssee erzielt.(..) A ech hu geduecht siwe Stonne laang do gëss de jo geckeg. Nee, dat war genial.(...) An do hunn ech geduecht., ech wëll dat och maachen, dat ass jo mega."
Episoden
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Paul Philipp - Spiller, Trainer, President](/_default_upload_bucket/190437/image-thumb__190437__base_thumbnail/Paul%20Philippe%20Sot%20Emol.4604c7db.jpg)
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President
Dee fréiere Fussballprofi an aktuelle President vun der FLF ass Invité um dag vun der Finall vun der Europameeschterschaft.
Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen
D'Sängerin an Pinaistin Ingrid Schwarz ass d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Sean Grethen](/1_Foto/100komma7.lu/187330/image-thumb__187330__base_thumbnail/Sean%20Grethen.df7a6c9a.jpg)
Sean Grethen
D'Passioun Aarmdrécken
![Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil](/1_Foto/100komma7.lu/184546/image-thumb__184546__base_thumbnail/Andr%C3%A9%20Hirt.d37cbfe3.jpg)
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil
De Museker a Sänger Änder Hirt ass den Invité.
Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"
Den däitschen Multi-Kënschtler Martin Engler ass Invité.
Jean-Paul Raths
De Lëtzebuerger Schauspiller a Regisseur deen zanter 1979 als Schauspiller op ville Bünen hei a virun allem am däitschsproocheg Raum ënnerwee ass.
Stephan Quintus: A Schweden en neit Dohemm fonnt
De Stephan Quintus ass mat senger Fra an seng véier Bouwen a Schweden ausgewandert. An iwwert hiert neit Liewen erzielt hien als Invité dem Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Jean Portante | © Jean-Claude Majerus Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/177373/image-thumb__177373__base_thumbnail/Jean%20Portante.9861d473.jpg)
Jean Portante: Schwaarz Gezei a roude Schal
De Poet a Schrëftsteller an zanter dem Ufank Mataarbechter vum radio 100,7 Jean Portante ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "sot emol"
![Guy Conter: E räicht Musekerliewen](/1_Foto/100komma7.lu/175294/image-thumb__175294__base_thumbnail/Guy%20Conter%20an%20Esther%20Conter.5db670be.jpg)
Guy Conter: E räicht Musekerliewen
De Invité déi Kéier am Sot de emol ass de Museker an Museksprf am Escher Conservatoire de Guy Conter.
Anne Simon: Vu London op Lëtzebuerg
D‘Regisseurin Anne Simon déi scho ganz fréi d‘Iddi vum Theater am Kapp hat ass déi Kéier Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun „Sot emol“
Hannah Noack: Musical ass meng grouss Passioun
D’Enseignante fir moderne Gesang a Vokalpädagogie huet Musical a Musekserzéiung studéiert, ass deemno gutt positionéiert fir iwwer d’Musicalwelt ze schwätzen.
![Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester](/1_Foto/100komma7.lu/137787/image-thumb__137787__base_thumbnail/Eug%C3%A8ne%20Prim.03310dfc.jpg)
Eugène Prim: Mäi Liewe a mäi Wee mam Orchester
No bal 35 Joer huet den Eugène Prim als Generaldirekter vun der Solistes Européens, Luxembourg opgehalen, hien, deen dësen Orchester matgegrënnt huet.
Marie-Josée Jacobs
De Mënschen ze hëllefen, dat passt bei d’Invitée: Infirmière-Anästhesistin, aktiv an der Gewerkschaft, zwanzeg Joer Ministerin an elo benevollen Engagement bei der Caritas.
Kimberly Darcy Mae
D‘Invitée war Héichleeschtungssportlerin. Karate war an ass nach eng Passioun.
René Closter: "Mir brauchen en Helikopter, ça passe ou ça casse“
De Grënner a President vun der Luxemburg Air Rescue ass den Invité. 1988 ass d’Luxemburg Air Rescue mat engem gelounten Helikopter lassgaangen.
![Isabelle Braun-Dominicy Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"](/1_Foto/100komma7.lu/152915/image-thumb__152915__base_thumbnail/Isabelle%20Braun-Dominicy.67a7652f.jpg)
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"
Seet d'Invitée, d'Pianosproff an Enseignante fir d'Formation musicale.
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun
E Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi soss gesot gouf, zeréckginn.
![Ben Claus | © Jean-Claude Majerus Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap | © Jean-Claude Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/144212/image-thumb__144212__base_thumbnail/Ben%20Claus.0c09a58e.jpg)
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
Oder einfach nëmmen "De Claus" ass den Invité. Hie spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof.
![Jean Paul Raths: Ouni Theatererfarung op d'Schauspillschoul](/1_Foto/100komma7.lu/142907/image-thumb__142907__base_thumbnail/Jean%20Paul%20Raths.f2c32931.jpg)