Dagdeeglech
Virun 143 koum den Edward Steichen op d'Welt
3 min
Am jonken Alter wandert den Edward Steichen 1881 mat sengen Elteren an d'USA aus. 1895 fänkt hien u mat fotograféieren, d'Joer drop mat der Molerei. 1900 huet hie seng éischt perséinlech Ausstellung, hëlt dat Joer dann och déi amerikanesch Staatsbiergerschaft un. Den Alfred Stieglitz gëtt opmierksam op de jonken talentéierten Steichen. Fotoen, déi den Edward Steichen vu grousse Perséinlechkeeten aus där Zäit mécht, ginn an der Vogue a Vanity Fair publizéiert. Vun 1947 bis 1962 ass hien Direkter vun der Fotografie-Sektioun vum Museum of Modern Art zu New York, stellt an där Zäit eng 50 Ausstellungen zesummen, dorënner och "The Family of Man" déi hautdesdaags am Clierfer Schlass ze gesinn ass. Den Edward Steichen stierft de 25. Mäerz 1973.