Et gi Phasen am Liewen, do ass op eemol alles op der Kopp, sief et duerch eng Pandemie, eng Naturkatastroph, e Krich oder och eng perséinlech Kris. Dat huet net nëmmen en Impakt op eis Psyche, mee suergt och fir Tensiounen am Kierper.
D'Marlène Clement mécht dofir eppes fir eist kierperlecht a geeschtlecht Wuelbefannen mat der Psychomotricienne an Dänzerin Nora Hoffmann. Virop wollt hatt wëssen, wat ee genee ënner dem Begrëff Psychomotricitéit versteet.