Bewosst Gesond
Sport an Ernärung - 1/2
8 min
Fir eng gutt Leeschtung hëlleft net nëmmen e gutt trainéierte Kierper, mee och d'Verdauung muss trainéiert ginn.
Mir konzentréieren eis hei virun allem op d'Preparatioun op e Marathon, a vläicht gëtt esou jo och deen een oder aneren inspiréiert fir sech fit ze maache fir z. B den nächsten Night Marathon matzelafen, dee fir den 28. Mee 2022 ugekënnegt ass.
"U sech ass et eng brutal Ëmstellung vum Stoffwiessel: de Kierper schalt ganz plëtzlech vum Kuelenhydrat-Benotzen op Fett-Benotzen ëm, well Kuelenhydratspäicher komplett eidel sinn."
D'Dieteticienne Stephanie Rosquin, déi och Sport studéiert huet, ass selwer begeeschtert vu Marathon Lafen.
"Et gi keng gëlle Reegelen, déi ëmmer op jiddweree passen.Tëschent Kilometer 25 a 40 fänken d'Been an d'Féiss un ëmmer méi schwéier ze ginn. Et wëllt een nach, mee et kann een net méi. Et ass, wéi wann een d'Handbrems gezunn hätt."
Wéi si et fäerdeg bruecht huet an déi berüchtegt Marathon-Mauer ze rennen, grad wéi si duerch Sport-Training an Disziplin an der Ernärung eng super Performance geleescht huet, erzielt si hei mat wäertvolle Rotschléi, fir all déi, déi hir Performancen am Sport optimal verbessere wëllen.
Eng Serie vum Angie Maquil