Bewosst Gesond
D'Quantitéit an d'Qualitéit si méi wichteg wéi fest Iesszäiten
5 min
Hongerpause si wichteg, awer si dierfen net zu Mangelernierung féieren.
En optimalen Iessrhythmus gëtt et net, een dee fir jiddwereen d'selwecht ass, sot eis an enger viregter Emissioun d'Dieteticienne Sylvie Paquet, an datt et besser ass op d'Quantitéit an d'Qualitéit opzepassen, a wien ofhuele wéilt sollt besser op d'Owesiesse wéi op d'Mueresiesse verzichten an et soll een allgemeng méi op säi Kierper lauschteren, wéi sech no feste Reegelen ze orientéieren. Hei geet et ëm fest Iesszäiten, ëm d'Zesummesetzung vun der Haaptmoolzecht an ëm Snacken an Naschelpausen.
"Bewosst hongereg sinn a bleiwen hëlleft fir déi nächst Moolzecht besser kënnen ze genéissen an et ass méi gesond, wéi direkt iergend eppes ze naschelen.
Méi op säi Kierpergefill lauschteren."
Mindful eating ass d'Stéchwuert.
Wa mer vu bewosst hongereg si schwätzen, kann een och vu bewosst Iesse schwätzen: Mindfull eating, doriwwer hu mer och schonn hei an dëser Emissioun geschwat, an et lount sech ëmmer erëm deen Theema opzegräifen, well et de Schlëssel ass, fir sech gesond ze ernären.
Eng Serie vum Angie Maquil