Bewosst Gesond
Eng komplex Krankheet: Fettleibegkeet
6 min
E Freideg, 4. Mäerz 2022, ass d'Journée mondiale de l'obésité. Mat Informatioun a Sensibiliséierungs-Campagnen soll opmierksam gemaach ginn, wéi Iwwergewiicht der Gesondheet schuede kann.
Virun allem an de westleche Länner huet d'Zuel vun de Leit, déi iwwergewiichteg sinn, enorm zougeholl an de leschte 40 Joer. Fettleibegkeet ass eng chronesch a ganz komplex Krankheet, a si betrëfft eis all. Sief et an der Preventioun oder am Ëmgang an der Ënnerstëtzung mat de Betraffenen. Obesitéit kënnt net nëmmen duerch vill Iessen a wéineg Beweegung:
"Zu Lëtzebuerg sinn 20 Prozent vun den Erwuessene Mënschen Adipositas. An der Realitéit ass Obesitéit eng komplex Krankheet, déi duerch eng grouss Unzuel vu Faktoren ervirgeruff gëtt: wou metabolesch, hormonell, genetesch, psychesch facteuren eng Roll spillen, souwéi Schlofmangel a verschidde Medikamenter.
Männer si méi heefeg betraff wéi Fraen. Am Duerchschnëtt hellt en erwuessene Mënsch haut 500 Kalorien méi zou sech, wéi nach viru 40 Joer. Dobäi kënnt, datt 42 Prozent vun de Mënschen an Europa sech net reegelméisseg beweegen",
seet Dieteticienne Lis Muller, si ass Invitée beim Angie Maquil.
Bibliographie, Lis Muller:
(2022, février) Récupéré sur https://woday.eu/.
https://assets.publishing.service.gov.uk/government/uploads/system/uploads/attachment_data/file/287937/07-1184x-tackling-obesities-future-choices-report.pdf. (s.d.). Récupéré sur Tackling obesities: future choices - project report (2nd edition).
Matheys M. (2022, janvier). Dans le cadre de l'education thérapeutique du patient obèse, création de séances éducatives autour d'un outil pédagogique interactif: videos de recettes complétées d'exercies pratiques et de conseils