Produiten aus Kanneraarbecht ze verschaffen oder weider ze verkafen - dat kéint op d'mannst an der EU méi schwéier ginn. Ee sougenannte Liwwerkettegesetz soll nämlech dofir suergen, datt och d'Fournisseure bei Verstéiss géint Mënscherechter oder den Ëmweltschutz an d'Flicht geholl ginn.
Zu Lëtzebuerg fuerdere verschidden ONGen, mee och d'Mënscherechtskommissioun esou ee Gesetz zanter Laangem. Elo leet also Bréissel eng Propos op den Dësch. D'Danièle Weber informéiert.