Wéi de Planéit Pluto entdeckt gouf, gouf et nach keng Weltraum- oder riseg Teleskopen, wéi mir se haut kennen. Kee Mënsch war bis dohinner op de Mound geflunn, a keng Sond am Sonnesystem ënnerwee. De Beräich vun de baussechte Planéite war deemno friem a wäit. Et hat ee sech e Planéit mat engem Duerchmiesser vun 50.000 km erwaart. Mat der Entwécklung vun der Raum-Technologie konnt de Pluto ëmmer méi däitlech erkannt ginn, an deemno och gesi ginn, datt e méi kleng war, wéi ugeholl.
20 Joer no senger Decouverte ass säin Duerchmiesser op 10.000 km geschrumpft, haut wësse mer, datt säin Diameter 2.300 km ass. Zanter senger Decouverte - den 18. Februar 1930 - gouf de Pluto vun der internationaler Astronomen Unioun vum néngten a leschte Planéit vun eisem Sonnesystem zum Klengplanéit zeréckklasséiert.