De Bim Diederich, dat ass den Tour de France 1951. Dräi Deeg laang fiert de Péitenger am Gielen Trikot. An hei kritt hien den Numm "Duc de Grammont", wéi hien op der Etapp vu Reims op Gand eng 40 Kilometer virun der Arrivée am Mur de Grammont seng dräi Begleeder stoe léisst an als Éischten zu Gand ukoum. D'Begeeschterung fir de Vëlo blouf spéider an der Famill. Seng Duechter bestuet de Cyclist Lucien Didier an deenen hire Bouf, de Laurent Didier war och laang Joren als Profi op de Stroossen ënnerwee. De Bim Diederich stierft de 6. Dezember 2012 am Alter vun 90 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 100 Joer koum de Bim Diederich op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min