Bewosst Gesond
Den optimalen Iessrhytmus, gëtt et deen iwwerhaapt?
6 min
Vun dräi feste Moolzechten op 16 Stonne faaschten! U wat soll ee sech orientéiere mat all deenen neie Recommandatioune fir gesond ze iessen? Wat ass e gesonden Iessrhytmus? Wat stëmmt nach um Saz: Mueres iesse wéi e Keeser, mëttes wéi e Kinnek an owes wéi en Heeschert?
Et gëtt keen optimalen Iessrhytmus, een dee fir jiddwereen d'selwecht ass, seet Dieteticienne Sylvie Paquet.
"Jiddwereen huet seng eegen Iessgewunnechten, oft ofhängeg vun Erzéiung, Kultur oder och Relioun, an déi soll een och net onbedéngt op d'Kopp geheien, besonnesch wann ee sech wuel mat hinne fillt".
Wat also heescht dat genee, Iesse wann ee Loscht an Iddi huet? Mir schwätzen an zwou Episoden iwwer Iessrhtymus an Iesszäiten, a wéi sech dat am Laf vun de Joren och verännert huet. De Motto vun haut ass éischter:
Besser op d'Quantitéit an d'Qualitéit oppassen, wéi op fest Auerzäiten, fir sech gesond a fit ze ernären.
Eng Serie vum Angie Maquil