Mat der Konferenz iwwert d'Zukunft vun Europa wëllt d'EU-Kommissioun vill méi op d'Bierger duergoen fir hir Suergen, hir Suggestiounen an hir Problemer besser ze kennen.
D'Chamber huet an de lescht Méint iwwerall am Land Owender organiséiert fir a Kontakt ze kommen mat de Bierger ronderëm Europa. Gëschter war zu Esch dee leschten Treff.