Dagdeeglech
Virun 150 Joer koum de Sosthène Weis op d'Welt
2 min
Bekannt ass de Sosthène Weis als romantesche Post-Impressionist. Hie war e Meeschter an der Aquarell-Technik, huet sech ausgezeechent duerch frësch Faarwe mat alle méigleche Variatiounen, Faarwen, déi een zum Dreeme verleede mat ville Motiver vun der Stad Lëtzebuerg. Hie war och Staatsarchitekt an huet ausserdeem als Architekt fir d'ARBED geschafft, wou hien de Bau vu Sozialwunnengen, wéi de Bau vum ARBED-Gebai vis-à-vis vum Rousegäertchen an der Stad iwwerwaacht huet. De Sosthène Weis stierft den 28. Juli 1941 am Alter vun 69 Joer.