Gebuer de 25. August 1873 zu Ohn als Johann Stenges, fänkt den Alphonse Steines mat 17 Joer seng Karriär als Journalist zu Paräis un. Hie koum spéider an d'Redaktioun vum Henri Desgrange senger Sportzeitung L'Auto, dem Virgänger vun der Zeitung L'Equipe. Den Henri Desgrange ass de Grënner vun der Tour de France, mat der Ënnerstëtzung vum Alphonse Steines. Dëse proposéiert 1910 eng Etapp an de Pyrenäen ze fueren, eng Etapp mat de Bierger Peyresourde, Aspin, Tourmalet an Aubisque. Den Alphonse Steines hëlt 1943 déi franséisch Nationalitéit un. Hie stierft haut op den Dag virun 62 Joer, den 22. Januar 1960, zu Paräis.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 62 Joer stierft den Alphonse Steines
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min