"Digital ist besser" - den onfräiwëlleg propheeteschen Albumtitel vun der däitscher Band Tocotronic aus dem Joer 1995 ass haut bal iwwerall wouer ginn. Op d'mannst wat d'Aarbecht ugeet.
Datt d'Digitaliséierung net just eng Saach fir Internetgiganten a Museker aus Hamburg, mee och fir d'Lëtzebuerger Handwierk ass, doriwwer huet den Tom Haas sech mat der Anne Majerus aus dem Direktiounskommitee vun der Chambre des Métiers ënnerhalen.