Bewosst Gesond
Séiss Gromperen. Gesond a wéineg Kalorien
5 min
En exotescht Geméis, wat an eise Géigenden ëmmer méi beléift gëtt. Wat méi däischter orange, wat se méi räich u Vitaminnen an Närstoffer ass. Séiss Gromper, dat klengt fir verschidde Leit, z. B. Diabetiker, direkt als Warnung. Op Séisses soll den Diabetiker oder och deen, dee sech gesond ernäre wëllt, am beschte verzichten. Allerdéngs gehéiert déi séiss Gromper do net derzou. Séiss Grompere si gesond an hu wéineg Kalorien.
Invitée beim Angie Maquil ass Dieteticienne Sylvie Paquet:
"Déi séiss Gromper huet botanesch gesinn eigentlech näischt mat eiser Gromper ze dinn (Windengewächs a Nachtschattengewächs), mee vum Närwäert hier sinn dës zwou Knollen awer ganz wäertvoll Liewensmëttel an hunn hir Plaz an enger gesonder Ernärung. Wat Kalorien an och de Gehalt vu Kuelenhydrater ugeet, do gëtt et wéineg Ënnerscheed, allerdéngs enthält déi séiss Gromper vill méi Vitaminn A, duerch deen orange Faarfstoff Betakarotin, an och Vitaminne vum Grupp B, grad esou wéi Vitaminn E. Bei der Vitaminn C gewënnt allerdéngs eis gutt al Gromper."
Séiss Gromperen eegne sech gutt fir Püree, fir ze iwwerbaken oder fir ze frittéieren a fir an d'Zopp. Réi soll een déi séiss Gromper nëmme seelen iessen an och nëmmen a klenge Portiounen.