D'Charlotte vu Lëtzebuerg gouf de 15. Januar 1919 Groussherzogin an huet dräi Deeg méi spéit den Eed op d'Konstitutioun geluecht. Mam Amarsch vun Nazi-Däitschland a Lëtzebuerg flücht d'Charlotte an hir Famill zesummen mat véier Regierungsmemberen iwwer e puer Statioune bis op London an den Exil. Vun hei schwätzt si déi folgend Joren iwwer de Radio vun der BBC de Lëtzebuerger Mutt zou. Zeréck aus dem Exil am Abrëll 1945 besicht si déi Méint duerno Stied an Dierfer, déi an der Ardennenoffensiv zerstéiert goufen. Den 12. November 1964 iwwergëtt si den Troun un hire Jong Jean. D'Groussherzogin Charlotte stierft den 9. Juli 1985 am Alter vun 89 Joer op Schlass Fëschbech.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 103 Joer gouf d'Charlotte Groussherzogin
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min