Bewosst Gesond
E Kuerf voll mat Ënnen
7 min
Wéineg Fett, net vill Salz an vill Goût: rout Ënnen, nei Ënnen, Schallotten, wäiss, giel a brong Ënnen
Réi oder gekacht, an enger Quiche oder als Zopp; d'Ënne sinn an enger gudder Kichen net ewech ze denken. Wéi wäertvoll se am gesonden Iesse sinn, wéi déi richteg Zorten wielen, a wat maachen, fir beim Schielen net ze kräischen, seet eis d'Dieteticienne Lis Muller:
"Wann een eng empfindlech Verdauung huet, soll een Ënnen entweder ganz ewech loossen, oder se a klenge Quantitéite lues a lues an d'Iessen erabréngen. Besser wäiss Ënnen dann och huelen.
Duerch d'Schneide ginn d'Zelle vun den Ënne beschiedegt an den Isoalliin, dee fräigesat gëtt, gëtt ëmgewandelt an Thiopropanal-S-oxid, an dat féiert derzou, datt mer kräischen. Et ass eng Waasser léisslech Substanz, dofir hëlleft et schonn, wann een Ënnen ënner Waasser schielt. Dann ëmmer e gutt schaarft Messer benotzen, fir datt d'Zelle manner beschiedegt ginn, dobäi ginn d'Ënnen och net esou séier batter."
Eng Serie vum Angie Maquil