Duerch d'Opsplécke vun der Sozialistescher Partei gëtt haut op den Dag virun 100 Joer zu Nidderkuer an engem Café déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg gegrënnt. Mam Zénon Bernard gouf 1934 deen éischten KPL-Deputéierten an d'Chamber gewielt. Am Zweete Weltkrich verbuede vun den Nazi-Besatzer, organiséiere sech hir Memberen am Widderstand. Nom Krich ass d'Partei mat engem Minister un der Regierung vun der Nationaler Unioun bedeelegt. Hiren Héichpunkt hat d'KPL 1968 mat sechs Deputéierten. Vun do u goung et biergof, nom Fall vun der Mauer tëschent der BRD an der DDR an dem Zerfall vun der Sowjetunioun verloosse vill Memberen d'Partei a grënnen déi Nei Lénk, aus där 1999 d'Partei déi Lénk entsteet. 1994 verléiert d'KPL hire leschte Sëtz an ass zanterdeem net méi an der Chamber vertrueden.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 101 Joer gouf d'KPL gegrënnt
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min