arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Camille Saint-Saëns (1835-1921)
Trotz sengem grousse Katalog an der Kammermusek kennt een ausser de Bijou "Carnaval des Animaux" nëmme wéineg Wierker vum Camille Saint-Saëns. Bis zu deene leschte Sonate fir Blosinstrumenter a Piano 1921, schreift hien säi ganzt Liewe laang fir dee Repertoire a wäert der Gattung seng Lettres de noblesse zeréckginn. D'Gattung war a senger Heemecht zimmlech vernoléissegt ginn.
De Manuel Ribeiro huet sech en Iwwerbléck an der eklektescher Kammermusek vum Camille Saint-Saëns verschaaft.
Musek