Mir ginn zeréck an d'Joer 1981, op Sheffield. D'Band The Human League war auserneegaangen. De Sänger Phil Oakey huet als The Human League weidergemaach, an déi zwee Elektronik-Kniwweler Martyn Ware a Ian Craig Marsh hunn Heaven 17 gegrënnt. Hiren Debut "Penthouse And Pavement" ass e politesch infuséierten, visionären Elektro Pop Diamant vun der éischter Stonn. Den Yves Stephany erënnert.
arrow_back_ios