Gebuer den 19. Dezember 1915 zu Paräis als Edith Giovanna Gassion, gëtt d'Edith Piaf mat 15 Joer op der Strooss vum Proprietär vun engem Cabaret entdeckt. Mat hirer eenzegaarteger Stëmm a mat Lidder wéi "Non, je ne regrette rien", "La vie en rose" oder "Mylord" avancéiert si zu enger vun de gréissten Vertriederinne vun der Chanson. Si huet vill Affäre mat Männer, gëtt awer ni glécklech a verfält dem Alkohol an de Medikamenter. D'Edith Piaf stierft den 10. Oktober 1963 am Alter vun 47 Joer.
arrow_back_ios