Schonn als jonke Bouf verléiert de Walt Disney ni säin Faibel fir d'Zeechnen aus den Aen. 1920 kritt hien eng Plaz an enger Pub-Agence wou hien eng éischte Kéier Kontakt mam Kino huet. 3 Joer méi spéit zitt hien mat sengem Brudder Roy op Hollywood a grënnt hei d' Firma "Walt Disney Company". No Opträg fir éischt kleng Trickfilmer erfënnt hien Enn der 1920er Joer d'Mickey Mouse, déi ursprénglech Mortimer Mouse sollt heeschen. Ee groussen Erfolleg dee weider geet mat der Kreatioun vun Donald Duck a weideren Figuren. Ee long métrage fir Kanner an Erwuessener realiséiert de Walt Disney 1937 mat "Snowwhite and the Seven Dwarfs" (Schnéiwittchen an déi siwen Zwergen), ee Film deen an der Geschicht als éischten Zeechentrickfilm een Oscar krut. De Walt Disney stierft de 15. Dezember 1966 un de Suitten vun engem Longekriibs.
arrow_back_ios