Bewosst Gesond
Batter Boun, séisse Schockela
Vun zockerséiss bis bei zimmlech batter: de Schockela, deen, verstänneg gewielt a richteg doséiert, gesond ka sinn, souguer och fir Diabetiker.
Schockela ass eng vun de beléiftste Séissegkeeten iwwerhaapt. Et gëtt en an allen Zorten, vu wäiss bis donkel, zockerséiss bis zimmlech batter, mat Nëss, Friichten oder Gewierzer. Schockela gëllt als Genoss- an Trouschtmëttel, awer och als Kaloriëbomm, well Schockela räich un Zocker a Fett ass. Schockela soll och nach glécklech maachen. Héichzäit also fir nozefroe bei der Ernärunsgberoderin Sylvie Paquet, Member vun der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg a.s.b.l (ANDL), wat gutt oder net gutt um Schockela ass.
Eng Serie vum Angie Maquil