Gebuer haut 4. Dezember virun 103 Joer zu Bouneweg, gëtt den John E. Dolibois vu senger grousser Schwëster opgezillt. Mat 13 Joer emigréiert hien mat sengem Papp an d'USA, gouf an d'Army Intelligence Uni agezunn wëll hien gutt däitsch schwätze konnt. Nom 2te Weltkrich kënnt hien zréck op Lëtzebuerg an ass een vun 5 déi zu Munneref am sou genannten "Camp Ashcan" héichrangeg Nazien an däitsch Militär verhéiert. 1981 bis 1985 war den John E. Dolibois US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg.
arrow_back_ios