Europa Aktuell
Nei Regelen fir digital Entreprisen: D'EU ass eng Etap virukomm
6 min
Facebook, Google a Co musse sech drop astellen, datt si sech an Zukunft an der EU u méi streng Reegelen halen mussen. D'Europäesch Kommissioun hat zejoert zwou Direktiven proposéiert, déi engersäits de User méi Rechter ginn an anerersäits de Marché anescht regléiere sollen.
Bis et esou wäit ass, dauert awer nach - zanter dëser Woch leien elo d'Positiounen vun de Memberlänner an dem Europaparlament zu deenen zwee grousse Reegelwierker um Dësch - dat heescht, datt vun elo un un engem Kompromëss geschafft ka ginn.