Komponist:in vum Mount
D'International Heinrich-Schütz-Gesellschaft
1930 gouf déi International Heinrich-Schütz-Gesellschaft (ISG) zu Kassel gegrënnt, do wou de Komponist seng éischt Schrëtt a sengem Beruffsliewe gemaach huet. Mëttlerweil huet d'ISG Sektiounen a Skandinavien, England, Frankräich, Japan, den USA an och am Kanada. Zu hire Membere gehéiere souwuel Amateuren, wéi och Beruffsmuseker, Musekswëssenschaftler, Theologen, Publizisten an och Bibliothéiken, Firmen an Instituter.
Fir méi iwwer d'ISG gewuer ze ginn, huet de Luc Boentges mam Walter Werbeck geschwat, aktuelle Member a fréiere President vun der Internationaler Heinrich-Schütz-Gesellschaft.