Bewosst Gesond
Ernärung a Klimaschutz doheem
4 min
Mat enger bewosster Ernärung e Bäitrag leeschte fir méi Klimaschutz. Méi Geméis, Uebst, Kären a Gromperen iessen a manner Fleesch.
Duerch e puer kleng Gewunnechten z. B. beim Akafen awer och beim Zoubereeden, der Lagerung an och der Verwäertung vun de Liewensmëttel kënne mir all, als eenzel Persoun vill zum Klimaschutz bäidroen. Hei ginn et wäertvoll Rotschléi, wéi mer dat gutt ëmsetze kënnen.
Invitée ass d'Liz Mersch, Ernärunsgberoderin a Member vun der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg.
Eng Serie vum Angie Maquil
Quelle Artikel Liz Mersch: "Ernährung und Klimaschutz" / Bundeszentrum für Ernährung (BZfE).