Jeunesse Esch associéieren nach haut vill Leit ë. a. mam Denis Scuto. Hie war vun 1972 bis 2002 aktiv op der Grenz, huet a senger laanger Karriär 414 Matcher an der héchster Lëtzebuerger Fussball-Liga gespillt. Bekannt ass den Denis Scuto awer och als en exzellenten Historiker mat als Fuerschungstheema der Sozialgeschicht, besonnesch déi vum Minett ufanks vum 20. Joerhonnert, awer och d'Geschicht iwwer d'Industrie, d'Migratioun a Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich.
arrow_back_ios