Musek Aktuell
Déi legendär Jesus and Mary Chain spillen am Atelier
An den 80er Jore hu The Jesus and Mary Chain als Enfants terribles gegollt. Dat huet mat hirem Bandnumm ugefaangen - anscheinend ee Witz op enger Kette mat Jesus-a-Maria Amulett, déi ee konnt op engem Frühstücksflocke-Pak gewannen ... An et goung weider mat hiren Optrëtter, bei deene si dacks esou a Verspéidung waren, datt hir ongedëlleg Fans handgräiflech goufen.
Den 21. November spillen déi schottesch Indie-Legenden am Atelier.
Den Jim Reid, ee vun deenen zwee Bridder, déi d'Band gegrënnt hunn, erënnert sech um Mikro vum Marc Clement an erzielt, firwat et och haut nach ëmmer flott ass, als The Jesus and Mary Chain Musek ze maachen.