Nom 2te Weltkrich a senger Internéierung am KZ huet de Robert Krieps seng Etuden fäerdeg gemaach a gouf Affekot. Hien war politesch aktiv an der LSAP, war vun 1980 bis 1985 hire President. De Robert Krieps war vun 1974 bis 79 Minister fir Bildung, Justiz a Kultur a vun 1984 bis 89 Minister fir Justiz, Kultur an Ëmwelt. Vun 1989 un a bis zu sengem Dout den 1. August 1990 huet hien Lëtzebuerg am Europa Parlament vertrueden.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
vir 99 Joer koum de Robert Krieps op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min