Sot emol
Marja Leena Junker
"Eng Finnin zu Lëtzebuerg", kann een bei eiser Invitée haut an der Emissioun "Sot emol" ganz sécher soen. D'Marja Leena Junker, ass zanter iwwer 50 Joer am Theater zu Lëtzebuerg, an eben och hei am Land doheem. Si huet esou munch jonke Schauspiller am Théâtre du Centaure d'Méiglechkeet ginn, fir Erfarungen ze sammelen. D'Marja Leena Junker huet op der Theaterbün, grad ewéi am Film, a ville Rollen brilléiert. Als Presidentin vun der ASBL "Etat d'urgences" huet si villes erreecht, notamment datt d'Banannefabrik hautdesdaags e kulturelle Lieu ass. De Jean Claude Majerus wëll dann weider vun der Invitée wëssen wéi si iwwerhaapt op Lëtzebuerg komme ass an natierlech als Theatermënsch Zäit vun der Corona-Pandemie erlieft huet.