Sot emol
Frank Feitler
Virun zwou Wochen krut den Invité an der Emissioun "Sot emol" vun haut den nationalen Theaterpräis, sou ze soen fir säi Liewenswierk. De Frank Feitler ass Theater- a Filmregisseur, Dramaturg, Zeenarist an e war vun 2001 bis 2015 Direkter vum groussen Theater an der Stad, wou hie zu engem groussen Deel mat gehollef huet Lëtzebuerg op der Theaterweltkaart ze positionéieren. Wou kënnt dem Frank Feitler seng Léift a seng Passioun fir den Theater hir? Wéi gesäit seng Zäit ouni Theater aus? Oder wëll der gewuer ginn wat de fréieren Theaterdirekter esou richteg rosen mécht? De Frank Feitler am Gespréich mam Jean Claude Majerus am Studio, wann et dann heescht: Sot emol, Här Feitler!