Sot emol
Jean-Pol Roden
D'Satir huet hien nach ëmmer tentéiert, an dat huet hien deels mat spatzen, deels mat duusser Fieder op d'Blat bruecht. Viru Kuerzem huet de Jean-Pol Roden an engem Buch mam Titel "Upps, mer si Krupps" seng satiresch Texter, encadréiert mat Illustratioune vum Ingo Schandeler erausbruecht. Et ass e Buch, bei deem een op där enger Säit vill tëschent den Zeile ka liesen, an den Illustratiounen awer och vill an de Biller erëmfënnt, jee nodeem vu wéi enger Säit ee se kuckt.
De Jean-Pol Roden wäert mam Jean Claude Majerus och iwwer seng Zäit um radio 100,7, iwwer seng Zäit am Kabaret schwätzen, an och doriwwer, wéi hie seng Zäit haut verbréngt.