Bewosst Gesond
Gutt säfteg, séiss a gesond. Et ass Drauwenzäit
D'Fruucht kann ee ganz opiessen, ouni dobäi e schlecht Gewëssen ze hunn, och net als Diabetiker. Am Hierscht sinn d'Drauwen net nëmme fir de Wäin an d'Drauwelies wichteg, mee och als Uebst hu si hir fest Plaz an der gesonder Ernärung. Drauwe liwwere vill Vitaminnen, Mineral- a sekundär Planzestoffer. Drauwe sinn och räich un Zocker, dat heescht awer net, och wann dat laang Zäit gesot gouf, datt Diabetiker keng Drauwen iesse sollen. Et ass wéi mat allem: Qualitéit a Quantitéit musse stëmmen.
Gutt Laun, net vill Glucose an eng positiv Wierkung op d'Verdauung.
Gesond saisonal Uebst ass d'Theema mat der Ernärunsgberoderin Sylvie Paquet, Member vun der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg ASBL (ANDL).
Eng Serie vum Angie Maquil