Bewosst Gesond
D'Eechel vum Zeus: Et ass Käschten-Zäit
Eng Nossfruucht mat gudde Quellen vu Potassium a Magnesium, déi sech och gutt z. B. fir Sportler eegent. Käschte sinn extrem fettaarm an enthalen 30 Prozent Kuelenhydrater, déi am Kierper lues ofgebaut ginn. Si hu vill Eewäiss, Kalium, Calcium, Eisen, Magnesium, Vitaminn E, Vitaminn C, a bal all B‑Vitaminnen a Betacarotin.
Mat hirem feinen Noss a liicht séissem Geschmaach kann ee se wonnerbar an der Kiche verschaffen. Vu Käschtegnocchien, Käschtenzopp bis bei déi beléifte Marrons glacés. Käschte ware bei de Griichen a bei de Réimer immens beléift a bei den Araber hu se Schah balluth geheescht, wat sou vill heescht wéi de Prënz vun den Eechelen. Fréier gouf e Käschtebam och Broutbam genannt.
Informatiounen iwwer Käschten oder Marrounen huet d'Ernärunsgberoderin Lis Muller, Member vun der Association Nationale des Diététiciens du Luxembourg ASBL (ANDL)
Eng Serie vum Angie Maquil