1974 gouf de Projet fir een regionaalt Spidol lancéiert, 1981 waren d'Bauaarbechten fäerdeg. De 5. September 1981 war dunn déi offiziell Aweiung a Präsenz vun der Prinzessin Marie-Astrid an zum Enn vun deem Joer goufen déi éischt Patienten behandelt. 2008 huet d'Spidol mam CHEM, dem Centre Hospitalier Emile Mayrisch vun Esch fusionnéiert.
arrow_back_ios