Mat der Meeschterprüfung als Coiffeur an der Täsch schafft hien als Proff op Beruffsschoulen wéi och als Conferencier a Maquilleur vu Galaen. Per Zoufall fänkt seng Karriär beim däitschsproochege Programm vun RTL 1970 un. Bannent kuerzer Zäit avancéiert hien zum Chef-Speaker an dunn zum sougenannten Unterhaltungschef. De Jochen Pützenbacher war an den 1970er bis Ufank 1990er Joer ee vun de beléiftste Radio-Moderatoren. Op der Tëlee sollt him dat awer net glécken.
arrow_back_ios