De 14. August 2018, haut virun dräi Joer, fält een Deel vum Polcevery-Viadukt an ee Koup. 43 Mënschen verléieren hiert Liewen. Déi véierspuereg Bréck, déi zu der Autostrada A10 gehéiert huet, war eng wichteg Verbindung fir den Duerchgangsverkéier, den Accès an den Hafen, wéi och fir d'Awunner vu Genua selwer. Ronn ee Joer méi spéit goufen déi zwee reschtlech Pottoe gesprengt fir den Neibau ze erméiglechen. An, et ass bal net ze gleewen, ee Joer méi spéit, den 3. August 2020, gouf eng nei Bréck ageweit, déi den Numm Ponte Genova San Giorgio dréit.
arrow_back_ios