Den 30. Juli 1955 decidéiert den DFB, datt an Däitschland keng Fraen-Fussball-Ekippe méi erlaabt sinn. Vill Frae setzen sech iwwer dëse Verbuet ewech, et gi Veräiner gegrënnt an och Tournoien organiséiert. De Fraefussball gëtt och ëmmer méi populär, esou datt den DFB am Joer 1970 keng aner Méiglechkeet huet dëst problematescht Verbuet nees opzehiewen. Domadder ass et awer nach net mam Sexismus géigeniwwer dem Fraefussball gedoen.
arrow_back_ios