Den Emile Mark war vu Beruff Véidokter. 1906 gouf hien eng éischte Kéier an den Déifferdenger Gemengerot gewielt. Vun 1911 bis zu sengem Doud war hie Buergermeeschter vun der Cité du Fer. 1908 gouf hien als liberale Kandidat fir de Kanton Esch eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt. Vun 1922 un huet den Emile Mark op der Lëscht vun de Sozialiste fir d'Chamber kandidéiert. Hie war vun 1932 bis zu sengem Doud 1935 Vizepresident vun der Chamber.
arrow_back_ios