Bewosst Gesond
Dehydratatioun
De Kierper brauch reegelméisseg Flëssegkeet, dat ass ganz wichteg. Mee firwat, a wat geschitt, wann een net genuch drénkt a wéi vill Flëssegkeet ass gesond oder gëtt recommandéiert?
"Bei de Frae bestinn am Duerchschnëtt 50 Prozent a bei de Männer 60 Prozent vum Kierpergewiicht aus Waasser. Bei enger Fra, déi 60 kg weit, sinn dat also ëm déi 30 kg bzw Liter. Dee Prozentsaz schwankt awer tëschent 45 a 70 Prozent a Funktioun vum Undeel vum Kierperfett, vum Alter, vum Geschlecht a vum Kierpergewiicht. Dobäi hu Kanner méi en héijen Waasserundeel wéi eeler Leit.
Genuch Waasser am Kierper ze hunn ass ënner anerem iwwerliewenswichteg, well vill Funktiounen, wéi de ganze Stofftransport a Stoffwiessel am Kierper, d'Wuessen, d'Ernärung an d'Ausscheedung, op direktem Wee duerch d'Kierperwaasser a senger Zesummesetzung beaflosst ginn.
Fir eng Iddi ze ginn: mir verléieren z. B. am Duerchschnëtt 100 ml Waasser pro Dag duerch d'Schweessen ënner normale Konditiounen, awer ëm déi 1.400 ml bei waarmem Wieder. Schwéier kierperlech Aarbecht oder Sport erhéicht de Waasserverloscht duerch d'Schweessen awer nach vill vill méi.
Niewent dem Schweess scheet de Kierper nach Waasser iwwer d'Longen, d'Haut, den Urin an de Stull aus. Dat sinn am Ganzen ëm déi 2,3 L pro Dag bei normale Konditiounen a Minimum ee Liter méi bei waarmem Wieder, fir en ongeféiere Verglach ze nennen. Mir mussen also drénken, fir dee Flëssegkeetsverloscht ze kompenséieren",
seet d'Dieteticienne Céline Genson. Si ass Invitée beim Angie Maquil.
Bibliographie:
Ernährungsmedizin. Nach dem curriculum Ernährungsmedizin der Bundesärztekammer. H.K. Bielsalski et al. Georg Thieme Verlag. 2018