Déi Europäesch Konstitutioun sollt all déi Traitéen, déi bis dohi gegollt hunn, vereenheetlechen an ersetzen. D'Staats- an d'Regierungscheffen hunn deen Traité 2004 zu Roum ënnerschriwwen. Deen huet awer misse vun alle Memberlänner ratifizéiert ginn. A verschiddene Länner gouf dat duerch d'Parlament gemaach, aner Länner hunn hir Populatioun via Referendum gefrot. Dee Referendum goung a Spuenien an zu Lëtzebuerg positiv aus. D'Populatioun vu Frankräich an Holland hate sech awer dogéint ausgeschwat, soudatt deen Traité an där Form ni ëmgesat gouf. Et gouf duerno en neien, manner ambitiéisen Traité formuléiert. Dëse gouf als Traité vu Lissabon am Dezember 2007 ënnerschriwwen an ass den 1. Dezember 2009 a Kraaft getrueden.
arrow_back_ios