arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 92 Joer koum de Paul Leesch op d'Welt
Inspiréiert u moderne Geschäftsmodeller a Konzepter aus den USA, wéi och dem Grënner vun der Schwäizer Firma Migros, dem Gottlieb Duttweiler, mécht de Paul Leesch 1967 zu Bäreldeng deen éischte Supermarché hei am Land op, a siwe Joer méi spéit mat der Belle-Etoîle och déi éischt Shopping-Mall. Am Laf vun de Joerzéngten entwéckelt sech de Cactus Grupp zu engem vun de gréisste Patronen am Land. De Paul Leesch ass de 16. Juni 2021 am Alter vu bal 92 Joer verstuerwen.
Politik a Gesellschaft