arrow_back_ios
Déjà Vu
Paul Simon - Paul Simon (1972)
Dem Paul Simon seng éischt Soloplack no dem Aus vu Simon & Garfunkel knäppt 1972 un den Erfolleg vum Duo un. En Album, deen heescht wéi säin Interpret: "Paul Simon". Och ouni den Art Garfunkel kënnt de Paul Simon mat senge Soloplacke beschtens iwwer d'siwwenzeger Joren. Den Duo wäert 1981 erëm fir de faméisen Optrëtt am New Yorker Central Park zesummekommen, en Optrëtt, deen alles toppt, wat bis dato erreecht war.
De Fred Medernach kuckt zeréck op dëse Bestseller aus dem Joer 1972.
Musek