Déjà Vu
The Walkabouts - Nighttown
'Nighttown ass ee vu just emol zwee Albumen, deen déi nordamerikanesch Band The Walkabouts 1997 fir de Label Virgin Records ophëlt. Virdru war de Quintett aus Seattle, der Haaptstad vum Grunge, beim klenge Label Subpop, wou de Major op en opmierksam gouf. No zwou Publikatiounen a bis haut publizéieren d'Museker um anere méi klengen awer och rengen a renomméierte Glitterhouse Label. "Nighttown" ass, wéi den Titel et suggeréiert, de Soundtrack fir nuets an enger Groussstad op d'Rull ze goen.
Sämtlech Titelen op "Nighttown" gi geschriwwe vum Chris Eckman - de Mann mat der Bariton-Stëmm - deen zesumme mat der Sängerin Carla Torgerson d'Band ufanks den Nonzeger gegrënnt huet.
Presentéiert vum Fred Medernach